Dip­pecher Dachsen

Scouten a Guiden aus der Gemeng Dippech

Beaver

D’Beaver liewen zesummen an enger Kolonie a gi vun enger jonker, dynamescher a motivéierter Ekipp geleet.

Méi Info

Wëllef

Wëllefcher nennt een d’Scouten am Alter vun 8 – 10 Joer.

Mir liewen zesummen an der Meute, déi bei verschiddenen Aktivitéiten a klengen Ënnergruppe vun 6 – 8 Wëllefcher (Sizaine genannt) agedeelt gëtt.

Méi Info

Trupp

D’Scouten a Guiden, d’Branche vun 11 bis 13 Joer, gëtt och nach Trupp genannt.

D’Scoute liewen a schaffen hei a Patrullen, a klenge Gruppe vu 6 bis 8 Jongen an Meedercher. Dës kleng Gruppe schaffe wäitgehend autonom ënnert der Féierung vu jeeweils engem Chef de patrouille (CP) an engem Second de patrouille (SP).

Méi Info

Explorer

D’Explorer fanne sech zesummen  fir hir Aktivitéite selwer ze plangen an ze liewen.

D’Explorer si Jonker tëschent 14 a 16 Joer.

Si hëllefen och scho bei Gruppenaktivitéiten.

Méi Info

Rover

De Rover-Clan plangt seng Aktivitéiten duerch d’Scoutsjoer.

Et si Jonker ab 16 Joer. Si ënnerstëtzen de Grupp a sengen Aktivitéiten.

Méi Info

Amicale

Eis Amicale, Mammen a Pappe vun eise Scouten, Frënn vun den Dachsen, ënnerstëtzen eise Grupp bei sengen Aktivitéiten.

Méi Info

Eis Partner