Explorer-Sportsdag

When:
January 14, 2018 @ 09:15 – 17:15
2018-01-14T09:15:00+01:00
2018-01-14T17:15:00+01:00
Where:
Scoutshome J. Norbert Arend
19 Rue des Écoles
4994 Schouweiler
Luxembourg
Cost:
5€
Explorer-Sportsdag @ Scoutshome J. Norbert Arend | Schouweiler | District de Luxembourg | Luxembourg

Léif Explorer an Exploretten,

Et ass rëm sou wäit, den Explorer Sportsdag steet virun der Dier, an zwar de 14.01.2018 bei de Kiewerlecken zu Stroossen.

Dir kënnt Iech de ganzen Dag mat deenen aneren Unitéiten aus dem Land a verschiddene Sportaarte moossen.

Dat ganz fënnt statt an der Hal vun der FLTA zu Stroossen vun 9:45−17:00.

Fir d’Mëttegiesse suergen d’Kiewerlecken, d’Onkäschte belafe sech op 5€ a ginn op der Plaz bezuelt.

Dir kënnt iech eleng oder als Unitéit (min. 6 Explorer) bis de 04.01.2018 iwwert explorer@dachsen.lu umellen.

Matbrénge sollt dir är Sportskleeder, Turnschong, Duschsaachen an en Ekippen-T-Shirt.

Lénks Patt
är Explorer Ekipp