Grouss Botz

When:
March 24, 2018 @ 09:30 – 14:30
2018-03-24T09:30:00+01:00
2018-03-24T14:30:00+01:00
Where:
Scoutshome J. Norbert Arend
19 Rue des Écoles
4994 Schouweiler
Luxembourg

Un all eis Memberen, d’Amicale, Elteren a Frënn vun den Dachsen a vun der Natur.

A Kollaboratioun mat der Ëmweltkommissioun organiséieren d’Dippecher Dachsen nees eng Grouss Botz an der Gemeng.

Hei geet et drëms am ëffentleche Raum vun eisen Dierfer (laanscht d’Stroossen a Feldweeër…), d’Natur vun dem Offall ze befreien dee vu verschiddenen Zäitgenossen do hannerlooss ginn ass.

Et gi vill fläisseg Hänn gebraucht, dofir bréngt roueg är Elteren a Kollege mat!!

No der Aarbecht gëtt et dann e gudde Maufel am Dachsenbau z’iessen.