Marco Polo Weekend

When:
March 3, 2018 @ 09:30 – March 4, 2018 @ 16:30
2018-03-03T09:30:00+01:00
2018-03-04T16:30:00+01:00
Where:
Scoutshome J. Norbert Arend
19 Rue des Écoles
4994 Schouweiler
Luxembourg
Cost:
25€
Marco Polo Weekend @ Scoutshome J. Norbert Arend | Schouweiler | District de Luxembourg | Luxembourg

Léif Scouten,

wann der dëst hei liest, befannen ech mech an enger brenzeleger Situatioun aus där ech eleng net erausfannen. Mäin Numm ass Marco Polo. Ech déngen ënnert dem grousse Kublai Khan, Herrscher iwwert dat mongolescht Räich. Ech als säi Beroder muss e Wee fanne fir iwwert di grouss Mauer vun der Chinesescher Stad Xiangyang ze kommen. Ech hu schonn iwwert sou vill Méiglechkeeten nogeduecht, mee näischt schéngt ze klappen. Mee hei kommt dir an d’Spill.

Viru laanger Zäit, wéi ech nach an Europa gelieft hunn, hat ech en Ingenieurskolleg, de Bibulus Verres. Hien huet mer eng Kéier gezielt, dass hien un eppes schafft, mat deem een eng Mauer ka stierzen. Dir musst hien fannen an hien bieden, mir d’Pläng ze schécken!

Ech zielen op är Hëllef Scouten!

Bis dann,
Marco Polo