Montée

When:
October 1, 2017 @ 08:30 – 17:35
2017-10-01T08:30:00+02:00
2017-10-01T17:35:00+02:00
Where:
Gare Dippech-Reckeng
Rue de la Gare
4975 Bettange-sur-Mess
Luxembourg
Cost:
5€
Montée @ Gare Dippech-Reckeng | Bettange-sur-Mess | District de Luxembourg | Luxembourg

Léif Beaver, Wëllef, Scouten an Explorer,

Direkt um Ufank vum Scoutsjoer steet eng vun deene wichtegsten Aktivitéiten un:
eis traditionell Montée.

Bei de Scoute si mir a verschidden Altersstufen (Branchen) opgedeelt. Fir all Beaver,
Wëllefchen oder Scout kënnt no enger Rei Joren de Moment, wou hien al genuch
a bereet ass seng Branche ze verloossen an an déi méi héich Branche opzesteigen. Et
huet een d’Ziler vun der aler Branche erreecht an et ass ee prett fir nei Erliefnesser an
Erausfuerderungen an enger neier Branche.

Op dem Montéesweekend wäerte mir déi nei Wëllef, Scouten, Explorer a Rover an enger
spezieller Zeremonie an hiren neie Branchë wëllkomm heeschen, dowéinst loosst iech
dëse Weekend net entgoen.

Well d’Montée just eemol am Joer organiséiert gëtt, ass et ganz wichteg, dass all déi
Scouten, déi d’Branche wiesselen, op der Montée dobäi sinn! Natierlech sinn awer
alleguer eis Memberen opgeruff fir matzegoen!