Montée

When:
September 29, 2018 @ 08:30 – September 30, 2018 @ 17:00
2018-09-29T08:30:00+02:00
2018-09-30T17:00:00+02:00
Where:
Scoutshome J. Norbert Arend
19 Rue des Écoles
4994 Schouweiler
Luxembourg
Cost:
25€
Montée @ Scoutshome J. Norbert Arend | Schouweiler | District de Luxembourg | Luxembourg

Léif Beaver, Wëllef a Scouten,

Um Ufank vum Scoutsjoer ass et op en Neits un der Zäit fir eng ganz Rei vun iech, fir d’Montée an eng aner Branche ze maachen.
Mee wat ass d’Montée iwerhaapt?

Wéi s du weess si mir bei de Scouten a verschidde Branchen (oder Altersstufen) opgedeelt. An de Beaver ass een am Prinzip bis 8 Joer an da geet een an d’Wëllef: et mécht een d’Montée vun de Beaver an d’Wëllef. Mat 11 Joer mécht een dann normalerweis d’Montée vun de Wëllef an d’Trupp, mat 15 Joer an d’Explorer a schliisslech, mat 18 Joer gëtt ee Rover.

D’Montée ass ëmmer e ganz wichtege Moment: et huet een d’Ziler vun der aler Branche erreecht an et kann ee bei déi “méi grouss” fir nei Aktivitéiten z’erliewen an nei Ziler unzestriewen.

Well d’Montée just emol am Joer organiséiert gëtt ass et ganz wichteg, dass all déi Scouten, déi d’Branche wiesselen, op der Montée dobäi sinn! Natierlech sinn awer alleguer eis Memberen opgeruff fir matzegoën!