Naturversammlung

When:
December 9, 2017 @ 14:00 – 16:00
2017-12-09T14:00:00+01:00
2017-12-09T16:00:00+01:00
Where:
Schéiferwee
Scheiferwee
4995 Schuller
Luxembourg
Naturversammlung @ Schéiferwee | Schuller | Distrikt Lëtzebuerg | Luxembourg

Salut Wëllefcher,

no dem grousse Succès vun de Naturversammlunge wäerte mir dës och dëst Scoutsjoer bäibehalen. D’Hütte sinn nach net fäerdeg an et gëtt nach vill ze knéchelen an onsem klenge Bëschduerf.

Dowéinst verbrénge mir och dës Versammlung zesummen am Schullerbësch, wou mir vill flott Spiller an Aktivitéiten an der Natur maachen.

Ganz no dem Scoutsmotto “Learning by doing”/“Léieren duerch Probéieren” wäerte mir och weiderhi vill Neies iwwert Natur, Déieren an Ëmwelt kënne léieren.

Wanns du gären am Bësch spills, d’Natur am Laf vum Joer erliewen, oder einfach ënnert Frënn si wëlls, da verpasst op kee Fall ons Naturversammlung!