Author Archives: dachs

Chrëschtmaart & Kleeschen

Samschdeg, 28. November ab 14.00 Auer
Sonndeg, 29. November ab 11.00 Auer
 
Mir invitéieren all eis Memberen, hier Famillen a Frënn, nächste Weekend op den Chrëschtmaart op Schuller ze kommen!
De ganze Weekend si mir, zesummen mat eiser Amicale, mat 2 Stänn vertrueden. Mir suergen natierlech fir gutt Stëmmung an och dofir, dass jiddereen eppes guddes an de Bauch kritt!
 
Den 28. November géint 15:00 Auer geet de ganze Grupp (vu Beaver bis Trupp), de Kleeschen an den Houseker an d’Gemengenhaus empfänken.
 
OPGEPASST: No der Versammlung vum 28. November kënnt Dir Är Kanner um 16:00 Auer an der Géigend vum Stand vun den Dippecher Dachsen um Chrëschtmaart beim Gemengenhaus zu Schuller ofhuelen (net bei eisem Home)!
 

Summercamp Trupp 2016

De Datum vum Summercamp 2016 vun der Trupp steet:

23 Juli bis 6 August 2016

Reservéiert iech elo schonns den Datum méi Infoe komme geschwënn.

Dat eenzegt wat mir elo schonns verroden et geet an d’Ausland.