Monthly Archives: November 2015

Chrëschtmaart & Kleeschen

Samschdeg, 28. November ab 14.00 Auer
Sonndeg, 29. November ab 11.00 Auer
 
Mir invitéieren all eis Memberen, hier Famillen a Frënn, nächste Weekend op den Chrëschtmaart op Schuller ze kommen!
De ganze Weekend si mir, zesummen mat eiser Amicale, mat 2 Stänn vertrueden. Mir suergen natierlech fir gutt Stëmmung an och dofir, dass jiddereen eppes guddes an de Bauch kritt!
 
Den 28. November géint 15:00 Auer geet de ganze Grupp (vu Beaver bis Trupp), de Kleeschen an den Houseker an d’Gemengenhaus empfänken.
 
OPGEPASST: No der Versammlung vum 28. November kënnt Dir Är Kanner um 16:00 Auer an der Géigend vum Stand vun den Dippecher Dachsen um Chrëschtmaart beim Gemengenhaus zu Schuller ofhuelen (net bei eisem Home)!
 

News aus dem FNEL Shop um Cents: groussen Occasiounsmaart

News aus dem FNEL Shop um Cents:

21. November 2015: groussen Occasiounsmaart

Bréngt ons är al Saachen (a guddem Zoustand):
Donneschdes tëschent 17.00 an 19.00 Auer

Uniformshiemer, Rucksäck, Gamellen, an alles wat e Scout soss nach brauch

Mir verkafen är Saachen:
Samschdes den 21. November 2015 tëschent 09.00 an 12.00 Auer