Monthly Archives: January 2016

Fundraising ONGD-FNEL : 2 € fir 1 Zill

Léif Frënn a Sympathisante vun den Dippecher Dachsen,
2eurofir1zill-3
Wéi dir wësst ass den Nepal de 25. Abrëll an den 12. Mee 2015 vun zwee ganz schwéieren Äerdbiewe getraff ginn. Och wann een haut net méi vill iwwer dës Katastrof an de Medien héiert, ass et leider esou, dass nach ëmmer enorm vill Mënschen ënnert den Auswierkunge vun där schrecklecher Naturkatastrof leiden.

Virun allem an de klengen, schwéier zougänglechen Dierfer ass d’Nout ganz grouss. Dausende Famillje liewen nach ëmmer an improviséierten Abrisen aus Wellblech oder an Zelter.

Am Nepal, wéi hei zu Lëtzebuerg, ass de Wanter elo agetratt an d’Leit kënne sech nëmme schwéier géint d’Keelt an d’Nätzt schützen.

Nodeems d’ONGD-FNEL, mat Hëllef vun hire lokale Partner an Dank generéise Spenden, eng éischt Nouthëllef op der Plaz organiséiere konnt, wëlle mir Scouten hinnen elo hëllefe fir weider Suen ze sammele fir den Neesopbau ze ënnerstëtzen a soumat op direktem Wee deenen Äermsten ze hëllefen.
2eurofir1zill-1
Mat Hëllef vun Ärer Spend kënnen am Nepal äerdbiewesécher Haiser opgebaut ginn. Symbolesch fir all Spend déi mir kruten hunn d‘Dippecher Dachsen ugefaang en Haus aus klengen Tounzillen opzebauen.

Schonn ab 2 € kënnt Dir eise Projet ënnerstëtzen an eis hëllefen eist Haus weiderzebauen. All Zill déi Dir finanzéiert, gëtt vun eise Wëllefcher a Scoute bemoolt a mat Ärem Virnumm beschrëft, éier se fir ëmmer hir Plaz an enger vun de 4 Wänn vun eisem Haus fanne wäert.

Är Hëllef ass gefrot well mir hunn nach Honnerten Zillen déi verbaut musse ginn! All d’Suen déi Dir eis iwwerweist gi mir an den nächste Wochen un d’ONGD-FNEL virun.

Titulaire vum Konto: Dachsen-FNEL
Konto bei der BGL: IBAN LU50 0030 6653 1930 0000
BIC: BGLLLULL
Mentioun: B.A. Nepal

D‘Dippecher Dachsen soen Iech e grousse Merci fir Är Generositéit a wënschen Iech e schéint a glécklecht neit Joer!