Cheefen Oofschlossiessen

De 14. July haten d’Cheffen en Oofschlossiessen vum Scoutsjoer. Et wat Gelegenheet fir e Bilan iwwert e flotte Programm ze maachen. (D’Pouleten ware gutt !)

 

Accès zum Scoutshome fir d’Versammlungen

Plan campus scolaire 3
(click map to enlarge)

Léif Elteren,
Wéinst dem groussen Undrang vun Autoe virun an no de Versammlungen um Site vum Scoutshome géinge mir Iech bieden, wei um Plang de roude Feiler no ze fueren: rue des Écoles laanscht d’Kierch d’Strooss eropzefueren, lénks erop bei d’Schoul fueren an dann erëm laanscht den Scoutshome bei d’Apdikt erof fueren.
Merci fir Äert Versteesdemech.

Chers parents,
En raison du nombre élevé de voitures empruntant la rue des Écoles pour se rendre au Scoutshome avant ou après les réunions, il est vivement recommandé aux parents de circuler sur la rue dans le sens indiqué sur le plan reproduit ci-dessus (suivre les flèches rouges) en y accédant par la rue de l’Église, monter vers la gauche le long de l’école fondamentale et de redescendre le long du Scoutshome vers la pharmacie.
Merci pour votre compréhension.

Fundraising ONGD-FNEL : 2 € fir 1 Zill

Léif Frënn a Sympathisante vun den Dippecher Dachsen,
2eurofir1zill-3
Wéi dir wësst ass den Nepal de 25. Abrëll an den 12. Mee 2015 vun zwee ganz schwéieren Äerdbiewe getraff ginn. Och wann een haut net méi vill iwwer dës Katastrof an de Medien héiert, ass et leider esou, dass nach ëmmer enorm vill Mënschen ënnert den Auswierkunge vun där schrecklecher Naturkatastrof leiden.

Virun allem an de klengen, schwéier zougänglechen Dierfer ass d’Nout ganz grouss. Dausende Famillje liewen nach ëmmer an improviséierten Abrisen aus Wellblech oder an Zelter.

Am Nepal, wéi hei zu Lëtzebuerg, ass de Wanter elo agetratt an d’Leit kënne sech nëmme schwéier géint d’Keelt an d’Nätzt schützen.

Nodeems d’ONGD-FNEL, mat Hëllef vun hire lokale Partner an Dank generéise Spenden, eng éischt Nouthëllef op der Plaz organiséiere konnt, wëlle mir Scouten hinnen elo hëllefe fir weider Suen ze sammele fir den Neesopbau ze ënnerstëtzen a soumat op direktem Wee deenen Äermsten ze hëllefen.
2eurofir1zill-1
Mat Hëllef vun Ärer Spend kënnen am Nepal äerdbiewesécher Haiser opgebaut ginn. Symbolesch fir all Spend déi mir kruten hunn d‘Dippecher Dachsen ugefaang en Haus aus klengen Tounzillen opzebauen.

Schonn ab 2 € kënnt Dir eise Projet ënnerstëtzen an eis hëllefen eist Haus weiderzebauen. All Zill déi Dir finanzéiert, gëtt vun eise Wëllefcher a Scoute bemoolt a mat Ärem Virnumm beschrëft, éier se fir ëmmer hir Plaz an enger vun de 4 Wänn vun eisem Haus fanne wäert.

Är Hëllef ass gefrot well mir hunn nach Honnerten Zillen déi verbaut musse ginn! All d’Suen déi Dir eis iwwerweist gi mir an den nächste Wochen un d’ONGD-FNEL virun.

Titulaire vum Konto: Dachsen-FNEL
Konto bei der BGL: IBAN LU50 0030 6653 1930 0000
BIC: BGLLLULL
Mentioun: B.A. Nepal

D‘Dippecher Dachsen soen Iech e grousse Merci fir Är Generositéit a wënschen Iech e schéint a glécklecht neit Joer!

Chrëschtmaart & Kleeschen

Samschdeg, 28. November ab 14.00 Auer
Sonndeg, 29. November ab 11.00 Auer
 
Mir invitéieren all eis Memberen, hier Famillen a Frënn, nächste Weekend op den Chrëschtmaart op Schuller ze kommen!
De ganze Weekend si mir, zesummen mat eiser Amicale, mat 2 Stänn vertrueden. Mir suergen natierlech fir gutt Stëmmung an och dofir, dass jiddereen eppes guddes an de Bauch kritt!
 
Den 28. November géint 15:00 Auer geet de ganze Grupp (vu Beaver bis Trupp), de Kleeschen an den Houseker an d’Gemengenhaus empfänken.
 
OPGEPASST: No der Versammlung vum 28. November kënnt Dir Är Kanner um 16:00 Auer an der Géigend vum Stand vun den Dippecher Dachsen um Chrëschtmaart beim Gemengenhaus zu Schuller ofhuelen (net bei eisem Home)!
 
« Older Entries Recent Entries »