Schnupperversammlung bei de Scouten
Samschdeg, den 19. September 2026
vu 14:00 bis 16:00 Auer
beim Scoutshome niewent der Schoul zu Schuller
Porte-ouverte chez les scouts
Samedi, le 19 septembre 2026
de 14:00 à 16:00 heures
au home scout près de l’école primaire à Schouweiler
Léif Scouten, léif Elteren, den DixDixDax 155 vum September ass online.
Chers scouts, chers parents, le DixDixDax 155 du mois de septembre est en ligne.
Dippecher Dachsen
Scouten a Guiden aus der Gemeng Dippech
Beaver
D’Beaver liewen zesummen an enger Kolonie a gi vun enger jonker, dynamescher a motivéierter Ekipp geleet.
Wëllef
Wëllefcher nennt een d’Scouten am Alter vun 8 – 10 Joer.
Mir liewen zesummen an der Meute, déi bei verschiddenen Aktivitéiten a klengen Ënnergruppe vun 6 – 8 Wëllefcher (Sizaine genannt) agedeelt gëtt.
Trupp
D’Scouten a Guiden, d’Branche vun 11 bis 13 Joer, gëtt och nach Trupp genannt.
D’Scoute liewen a schaffen hei a Patrullen, a klenge Gruppe vu 6 bis 8 Jongen an Meedercher. Dës kleng Gruppe schaffe wäitgehend autonom ënnert der Féierung vu jeeweils engem Chef de patrouille (CP) an engem Second de patrouille (SP).
Explorer
D’Explorer fanne sech zesummen fir hir Aktivitéite selwer ze plangen an ze liewen.
D’Explorer si Jonker tëschent 14 a 16 Joer.
Si hëllefen och scho bei Gruppenaktivitéiten.
Rover
De Rover-Clan plangt seng Aktivitéiten duerch d’Scoutsjoer.
Et si Jonker ab 16 Joer. Si ënnerstëtzen de Grupp a sengen Aktivitéiten.
Amicale
Eis Amicale, Mammen a Pappe vun eise Scouten, Frënn vun den Dachsen, ënnerstëtzen eise Grupp bei sengen Aktivitéiten.