Un all eis Memberen, d‘Amicale, Elteren a Frënn vun den Dachsen a vun der Natur. A Kollaboratioun mat der Ëmweltkommissioun organiséieren d‘Dippecher Dachsen nees eng Grouss Botz an der Gemeng. Hei geet et drëms am ëffentleche Raum vun eisen Dierfer d‘Natur vun deem Offal ze befreien dee vu verschiddenen Zäitgenossen do hannerlooss ginn ass. Et gi vill fläisseg Hänn gebraucht, dofir bréngt roueg är Elteren a Kollege mat!
No der Aarbecht gëtt et dann e gudde Maufel am Dachsenbau z‘iessen.
Lénks Patt,
Är Cheffen