Du has ëmmer scho mol Loscht an der Kiche selwer eppes ze kachen an eng Hand mat unzepaken? Du hues Loscht dir d’Fangeren dreckeg ze maachen?
Da bass du hei genau richteg! Sief mat dobäi wa mir an der Kichen zesumme lassleeën. Schmaachen an kache mécht zesummen am meeschte Spaass!
Mir freeën eis op dech fir mat eis zesummen en flotte Menü ze preparéieren an alles wat dozou gehéiert.
ASCHREIWUNG bis de 07/12/2019 per Email un wellef@dachsen.lu .
Souche um Rendez-vous ofginn.
Lénks Patt,
Är Beaver- & Wëllefcherscheffen
___________________________________
Dir sidd als Eltern/Famill oder Frënn häerzlesch invitéiert fir ab 19:00 zesummen en flotten, saisonalen an selwer gekachte Menü bei eis iessen ze kommen.
Mellt iech un per Mail an sot eis zu wéi vill dir kommt domadder keen mat engem eidele Mo heemgeet.
Merci.