Léif Beaver, Wëllefcher, Scouten, Explorer a Rover,
Mir freeën eis Iech op eist alljährlecht Verspriechen ze invitéieren.
E Verspriechen ass e perséinleche Schrëtt deen duerch eng Zeremonie vervollstännegt gëtt. Mam Versprieche verflicht e Scout sech fräiwëlleg nom Scoutsgesetz ze liewen. Et symboliséiert och datt déi Nei elo Deel vun der Branche sinn.
Dës Aktivitéit ass net nëmme fir d‘Dachsen déi d‘Verspriechen maache wäerten, mee fir eis alleguerten, och déi, déi d‘Verspriechen scho gemaach hunn. Mir freeën eis also drop jiddereen um Verspriechen ze empfänken!
Natierlech luede mir och ganz häerzlech d‘Elteren a fir bei dësem Moment dobäi ze sinn!
Zum Schluss sidd dir alleguer wëllkomm fir iech zu eis ze gesellegen, mir suergen fir Gedrénks an e waarmt Iessen. Denkt drun dass dat ganzt dobaussen stattfënnt.
D’Elteren gi vun eis um 18:00 um P+R Millenoacht oam Séi empfangen.
Lénks Patt,
Är Cheffen
- Rendez-vous: 21.01.2023 um 14:00: Luxexpo The Box, 10 circuit de la Foire Internationale, Lëtzebuerg
- Wou ass d’Aktivitéit: Iechternach
- Retour: 21.01.2023 um 20:00: P+R Millenoacht oam Séi, route de Luxembourg, Iechternach
- Präis: 5€ fir d’Kanner, op der Plaz ze bezuelen. Eltere mussen net bezuelen.
- Aschreiwung: bis den 19.01.2023 per E–Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez–vous ofginn
- Material: Scoutsuniform, Foulard, dem Wieder ugepasste Kleeder (mir verbréngen den Nomëtten dobaussen!), Biergschung, klenge Rucksak mat gefëlltem Bidon, ee Becher an eng Täscheluucht.
- Rendez-vous: 21.01.2023 à 14h00: Luxexpo The Box, 10 circuit de la Foire Internationale, Luxembourg
- Où se déroule l’activité: Echternach
- Retour: 21.01.2023 à 20h00: P+R Millenoacht oam Séi, route de Luxembourg, Echternach
- Prix: 5€ pour les enfants, à payer au lieu du rendez-vous. Pas de prix supplémentaire pour les parents.
- Inscription: Jusqu’au 19.01.2023 par e-mail à info@dachsen.lu et remettre la souche au rendez–vous
- Matériel: Uniforme scout, foulard, vêtements adaptés au temps (nous passeront tout l‘après–midi dehors!), chaussures de marche, petit sac avec une gourde remplie d‘eau, un gobelet et une lampe torche.
Chers parents,
Si vous souhaitez participer à la cérémonie des promesses, nous vous invitons à vous présenter à 18h au P+R Millenoacht oam Séi, route de Luxembourg, Echternach.
Des chefs seront là pour vous accueillir et vous guider vers le lieu de la cérémonie.
Nous vous conseillons de vous munir de vêtements adaptés au temps, d’une lampe torche et de chaussures solides. La cérémonie va se dérouler entre autres dans les bois.
Merci d’indiquer votre présence dans l’inscription de votre enfant par e–mail ainsi que sur la souche dans la rubrique « Remarques ».
Dear parents,
if you wish to participate in the pledge ceremony, we invite you to come to the car park P+R Millenoacht oam Séi, route de Luxembourg, Echternach at 6 pm. Leaders will be there to welcome and guide you to the venue.
We advise you to bring weather appropriate clothing, a light–torch and sturdy shoes. The ceremony will take place in the woods.
Please indicate your presence in your child’s registration by e–mail and on the stub in the “Remarks” section.