Léif Dachsen,
Um Ufank vum Scoutsjoer ass et op en Neits un der Zäit fir eng ganz Rei vun iech fir d’Montée an déi nächst Branche ze maachen.
Wat ass d’Montée?
Bei de Scoute si mir all a verschidde Branchen (Altersstufen) opgedeelt. An de Beaver ass ee bis 8 Joer an da geet een an d’Wëllef, da mécht een d’Montée vun de Beaver an d’Wëllef. Mat 11 Joer mécht een d’Montée vun de Wëllef an d’Trupp, mat 14 Joer an d’Explorer a schliisslech, mat 16 Joer gëtt ee Rover.
Well d’Montée just eemol am Joer organiséiert gëtt ass et ganz wichteg, dass all déi Scouten déi d’Branche wiesselen, op der Montée dobäi sinn!
Natierlech ass awer jiddwereen agelueden an opgeruff fir matzegoen!
Mëll dech also séier un!
- Depart: 30.09.2023 um 13:30 bei der Dippech-Reckenger Gare
- Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
- Retour: 01.10.2023 um 14:00 beim Scoutshome
- Präis: 20€ ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de 27.09.2023 per E-Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Alles wat ee fir ee Weekend brauch, Carry-Mat, dem Wieder ugepasste Kleeder