Event Category: Explorer

Depart: 17.05.2023 um 19:00 beim Scoutshome um 19:35 beim Home vun de Mamer Wiselen Wou ass d’Aktivitéit: an der Ëmgéigend vu Mamer Retour: 18.05.2023 nuets Präis: 12€, op der Plaz ze bezuelen Material: pro Grupp 1 Handy mat GPS an Data, Powerbank, an dem Wieder ugepasste Kleeder

Eng Informatiounsversammlung wäert de 4. Februar um 14:oo an eisem Home organiséiert ginn.

Virowend vun Nationalfeierdag an der Stad Lëtzebuerg Léif Scouten an Explorer, Dëst Joer hutt dir d’Chance fir um Fakelzuch an der Stad mat deel ze huelen. Zesumme mat anere Scoutsgruppe feiere mir dësen Dag a representéieren eis Federatioun an de Scoutismus hei zu Lëtzebuerg. Mell dech also un! LG deng Truppecheffen & Explorercheffen Depart: 22.06.2023

Léif Explorer, Fir den Dag no Nationalfeierdag treffe mir eis beim Home fir un eisem zukünftegen Explorersall ze handwierken a flotten Outdoor-cooking op eiser Feierplaz. Lénks Patt, Explorer Cheffen Depart: 24.06.2023 um 10:00 beim Scoutshome Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome Retour: 24.06.2023 um 22:00 beim Scoutshome Präis: 10€, op der Plaz ze bezuelen

Scout of time Eng Rees vum 1. bis den 100. Pow-Wow Dir léif Dachsen, e risege Gebuertsdag steet virun der Dier! Nee, ech schwätzen net vun 30 Joer Dippecher Dachsen, mee vum 100. Pow-Wow vun der FNEL. Fir d’honnertste Kéier treffe sech alleguerten d’Scoutsgruppen vun der FNEL, vum jéngste Beaver bis zum eelsten Tembo, fir

Explorer on the road Léif Explorer, Mir plange mat Iech zesummen e Summercamp am noen Ausland. Weider Informatioune stelle mir zesumme wann dir als Unitéit aktiv un der Organisatioun vum Camp deelhuelt. Et wier wichteg dass dir Iech mat Zäiten umellt, dass mir ufänke kënnen et zesummen ze plangen. Mir freeën eis op e flotte Summercamp! Lénks Patt, Explorer