Event Category: Trupp

De Wollef vun Düsterwald De Buergermeeschter vun Düsterwald huet eis geruff well säi klengt Meedchen op eemol verschwonnen ass. Hien brauch eise Rot an eis Ënnerstëtzung fir erauszefanne wat geschitt ass. Sief dobäi an hëllef, dat Rätsel ze léisen. LP, Dippecher Dachsen. Depart: 01.04.2023 um 10:00 op der Dippech-Reckenger Gare Wou ass d’Aktivitéit: Chalet Hirsch,

D’Deelhuelen fir d’Participanten & Cheffe vum 25th World Scout Jamboree ass obligatoresch. A klengen Atelieren léiert dir d’Fonktionnement vun engem Jamboree, déi koreanesch Kultur, är Leader an den CMT souwéi d’Participanten, déi bei iech an der Unit sinn, kennen. Genee Informatiounen kommen no. All weider Infoen zum Preparatiounsweekend fir den Jamboree sinn op wsj2023.sil.lu.

Eng Informatiouns­versammlung wäert de 4. Februar um 14:oo an eisem Home organiséiert ginn.

Virowend vun Nationalfeierdag an der Stad Lëtzebuerg Léif Scouten an Explorer, Dëst Joer hutt dir d’Chance fir um Fakelzuch an der Stad mat deel ze huelen. Zesumme mat anere Scoutsgruppe feiere mir dësen Dag a representéieren eis Federatioun an de Scoutismus hei zu Lëtzebuerg. Mell dech also un! LG deng Truppecheffen & Explorercheffen Depart: 22.06.2023

Scout of time Eng Rees vum 1. bis den 100. Pow-Wow Dir léif Dachsen, e risege Gebuertsdag steet virun der Dier! Nee, ech schwätzen net vun 30 Joer Dippecher Dachsen, mee vum 100. Pow-Wow vun der FNEL. Fir d’honnertste Kéier treffe sech alleguerten d’Scoutsgruppen vun der FNEL, vum jéngste Beaver bis zum eelsten Tembo, fir