Léif Memberen,
Och dëst Joer organiséieren d’Veräiner aus der Gemeng zesumme mat der Kulturkommissioun den traditionelle Chrëschtmaart vun Dippech, den 30. November, 1. an 2. Dezember 2018 um Parking vun der Gemeng zu Schuller. Hei kënnen d’Awunner vun der Gemeng an enger flotter Adventsambiance zesummekommen an un engem vun de ville Stänn e gudde Maufel iessen (fir jiddereen ass bestëmmt eppes dobäi!) oder schonn déi éischt Chrëschtdagskaddoe kafen.
D’Dippecher Dachsen an hir Amicale wäerten Iech:
- Freides (30. November) vun 18h00 bis 24h00
- Samschdes (1. Dezember) vun 14h00 bis 19h00
- Sonndes (2. Dezember) vun 11h00 bis 18h00
op hire Stänn begréissen!
Fir de musikaleschen Encadrement suerge Freiden owes de Grupp „Perfectly Strange“ an den „DJ Luke“ a Sonndes Gruppen aus der Käerjenger Museksschoul.
är Cheffen