Léif Beaver a Wëllefcher,
D‘Chrëschtzäit réckelt ëmmer méi no an och de Kleesche mécht sech op de Wee duerch d’Welt fir alle Kanner eng Freed ze maachen. Op senger Rees kënnt hien och erëm duerch d’Gemeng Dippech. Do däerfe mir natierlech net feele fir de Kleesche bei eis ze begréissen an him ze weisen, wei schéi mer sange kënnen! Fir déi brav Kanner huet hien bestëmmt och eng Tiitchen dobäi!
PS: Vergiesst net är Uniform (Wëllef) an ären Dachsenpolo (Beaver) unzedoen, fir dass de Kleeschen och direkt gesäit, dass mir Scouten sinn!
Rendez-vous: Samedi, le 1er décembre 2018 à 14:45 heures devant la mairie de Dippach
Retour: le même jour à 16:00 heures auprès du stand des Dippecher Dachsen au Marché de Noël
Beaverklack & Lénks Patt
Är Beaver- an Wëllefchercheffen