Léif Dachsen,
Um Ufank vum Scoutsjoer ass et op en Neits un der Zäit fir eng ganz Rei vun iech fir
d’Montée an déi nächst Branche ze maachen.
Wat ass d’Montée?
Bei de Scouten si mir all a verschidde Branchen (Altersstufen) opgedeelt. An de Beaver
ass ee bis 8 Joer an da geet een an d’Wëllef, da mécht een d’Montée vun de Beaver an
d’Wëllef. Mat 11 Joer mécht een d’Montée vun de Wëllef an d’Trupp, mat 14 Joer an
d’Explorer a schliisslech, mat 16 Joer gëtt ee Rover.
D’Montée ass ëmmer e ganz wichtege Moment, et huet een d’Ziler vun der aler
Branche erreecht an et kann ee bei déi “méi grouss” fir nei Aktivitéiten ze erliewen an
nei Ziler unzestriewen.
Well d’Montée just eemol am Joer organiséiert gëtt ass et ganz wichteg, dass all déi
Scouten déi d’Branche wiesselen op der Montée dobäi sinn! Natierlech ass awer
jiddwereen agelueden an opgeruff fir matzegoen!
- Präis: 5€, op der Plaz ze bezuelen
- Aschreiwung: bis de 29.09.2022 per E‑Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: dem Wieder ugepasste Kleeder, klenge Rucksak mat Bidon