Och dëst Joer ass et erëm esouwäit, de Rover-Tembo-Quiz ass zréck!
Hei kritt dir d’Chance iech an engem ultimative Battle géint déi aner Gruppen duerchzesetzen, fir Ruhm an Éier ze kämpfen an iech dee gëllene Mikro ënnert de Nol ze räissen. Et gëllt sech an deene verschiddensten Disziplinnen déi am Showbusiness gefrot sinn, ze beweisen an duerch ee mega Bandnumm an dee passende Bandkostüm erauszestiechen (an extra Punkten ze ergatteren).
Mir hu keng Käschte gefaart an 3 gigantesch Berüümtheeten op de rouden Teppech zitéiert, fir datt är Leeschtung och vu Kenner bewäert ka ginn. All Genre ass wëllkomm; vum haarde Rocker, iwwert den chille Reggaesänger bis hin zum coole Rapper! Sicht iech är Leadsänger, Beatboxer a Choreographen zesummen, a mellt eng Grupp vu 5–8 Leit un!
Präis: 25€, ze iwwerweisen
Aschreiwung: bis den 30.03.2022 per E-Mail un rover@dachsen.lu, Messenger oder SMS bei ärem Branchechef