⚠ Opgepasst: Dës Aktivitéit ass just fir d’Wëllefcher déi net de Sixer vun hirer Sixaine sinn. De Sixplo fir d’Sixer geet den Dag virdrun un.
Léif Meuten a Cheffe vun der FNEL,
Ech, de grousse Clown Wahdozo a mäi Wanderzirkus CANILUPU kommen dëst Joer a Lëtzebuerg fir mat iech zesummen de Sixplo ze feieren!
Mir invitéieren iech all op eis grouss Kiermes de Sonnden, den 28. Abrëll zu Märel bei de
CBDM!
Erlieft een Dag voller fantastesch Akrobatik, faszinéierend Zaubertricken an d’Kannereie vun
eise komesche Clownen.
Zum Schluss presentéiere mir iech all eng onvergiesslech Show mat dem stäerkste Mann vu
Lëtzebuerg!
Bis geschwënn!!!
- Depart: 28.04.2024 um 9:00 beim Home vun de CBDM
- Wou ass d’Aktivitéit: Home vun de CBDM, 38A rue des Celtes, Lëtzebuerg
- Retour: 28.04.2024 um 17:45 op der Dippech-Réckenger Gare
- Präis: 15€ ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 28.03.2024 per E-Mail un wellef@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material:
- Verkleedung am Thema Zirkus
- Foulard
- Biergschong
- Klenge Rucksak mat
- Bidon mat Waasser
- Picknick fir Mëttes
- 5 Saachen vum Wëllefchen
Lénks Patt,
D’Wëllefcherscheffen