Moie léif Beaver,
Ech hunn all meng Käch verluer an ech weess net wou se sinn! Ouni Käch ass mäi Restaurant verluer.
Dir fläisseg Beaver sidd dach sécher bereet mir ze hëllefen. Ech freeë mech schonn op ee flotten Dag voller Freed, Spaass a Leckereien. Zesumme kache mir dann eppes Schéines an är Eltere kënnen dann owes an eisem Restaurant iessen.
Bis deemnächst.
Lenks Patt, Bibu an är Beavercheffen
Präis:
Beaver an aner Kanner: 8€
Erwuessener (≥18 Joer): 10€
op der Plaz beim Rendez-vous um 14:00 ze bezuelen, mat der Angab wéi vill Persounen um 19:00 iesse kommen.
Umeldung: bis den 22.06.2019 per Email un beaver@dachsen.lu