Léif Dachsen, mir hunn e Bréif kritt vun engem Emil, e schéngt awer vu viru laanger Zäit geschéckt ginn ze sinn, an zwar ass de Bréif den 8. Juli 1892 gestempelt ginn…
Mir si schockéiert iwwert de Bréif an de gudde Mann Emil brauch eis Hëllef. A wien weess villäicht ass et net ze spéit. Mir zielen ob iech Dachsen, Wëllefcher a Scouten, an e gudden Scout hëlleft wou e kann an dofir huet den Emil och eis geschriwwen.
Lénks Patt, är Cheffen
Präis: 5€ op der Plaz ze bezuelen
Umeldung: bis den 01.06.2019 per Email un wellef@dachsen.lu oder trupp@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
Material:
Gamelle, dem Wieder ugepasste Kleeder, gefëllte Bidon