CE N’EST QU’UN AU REVOIR, CHEF-SCOUT
De lëtzebuerger Scoutissem huet en aussergewéinleche Chef verluer
SAR le Grand-Duc Jean
Chef-Scout vu Scouting in Luxembourg
5.01.1921 – 23.04.2019
Komm mat an d’Stad dem Chef Scout Äddi soen.
Zesumme mat eise Bridder a Schwëster organiséiere mir e Stärentour.
Hei sinn all Scouten, kleng, grouss, jonk, al, aktiv Member oder Amicale, invitéiert fir matzemaachen.
RDV gi mir eis an tipptopper Uniform op 3 Plazen:
•Luxexpo, um 07h30
•Houwald, um 08h00
•Bouillon, um 08h30
Vun do aus trëppele mir zesummen an d’Péitruss fir eng grouss Chaîne des adieux ze maachen.
Mindestalter: 15 Joer
Sief och du mat dobäi fir eisem Chef-Scout Äddi ze soen.
Duerno gi mir zesumme bei de Cortège.
Dëst ass een Opruff vun der FNEL, mir Dippecher Dachsen kënne keen Encadrement vun äre Kanner op dem groussen Event garantéieren.
Mir bieden ëm Verständnis dass dëst an esou kuerzer Zäit leider net méiglech ass ze organiséieren.
Lénks Patt,
Är Cheffen