Léif Dachsen,
dëst Joer hu mir eis d’Méi gemaach eng ganz flott Location fir d’Verspriechen auszesichen.
Op alle Fall wäert et e flotten Nomëtte ginn, deen ee wichtege Schrëtt fir d’Scouten ass.
Dir als Eltere sidd owes fir d’Zeremonie, wou äert Kand d’Scoutsversprieche mécht, invitéiert. No der Zeremonie gëtt et eng waarm Zopp fir sech opzewiermen.
Mellt iech also fir d‘Zeremonie un – d‘Begleedungsunzuel wier eis do wichteg. Gitt bei der Umeldung am Mail un a wat fir enger Branche äert Kand ass. Merci!
Wann dir awer scho Froe sollt hunn da mellt iech roueg bei eis. D’Zeremonie ass dobaussen, deementspriechend muss ee sech dann dem Wieder ugepasst undoen.
LP – Dippecher Dachsen
- Rendez-vous fir d’Kanner: 27.01.2024 um 14:00: Home Luss Collini, 18 rue du Château, Suessem
- Rendez-vous fir d’Elteren: 27.01.2024 um 17:30: Parking vum Suessemer Schlass, 32 rue du Château, Suessem
- Wou ass d’Aktivitéit: Suessem
- Retour: 27.01.2024 um 19:00 zu Suessem
- Präis: 5€ fir d’Kanner, op der Plaz ze bezuelen
- Aschreiwung: bis den 20.01.2024 per E–Mail un info@dachsen.lu an d’Souche um Rendez–vous ofginn
- Material: Scoutsuniform, Foulard, dem Wieder ugepasste Kleeder (mir verbréngen den Nomëtten dobaussen!), Biergschong, klenge Rucksak mat gefëlltem Bidon, ee Becher an eng Täscheluucht.
- Rendez-vous pour les enfants: 27.01.2024 à 14h00: Home Luss Collini, 18 rue du Château, Sanem
- Rendez-vous pour les parents: 27.01.2024 à 17h30: Parking du Château de Sanem, 32 rue du Château, Sanem
- Où se déroule l’activité: Sanem
- Retour: 27.01.2024 à 19h00 à Sanem
- Prix: 5€ à payer au lieu du rendez-vous
- Inscription: jusqu’au 20.01.2024 par e-mail à info@dachsen.lu et remettre la souche au rendez–vous
- Matériel: Uniforme scout, foulard, vêtements adaptés au temps (nous passeront tout l‘après–midi dehors!), chaussures de marche, petit sac avec une gourde remplie d‘eau, un gobelet et une lampe torche.