Nout am Dschungel
Den Thuu brauch Hëllef
Séier Wëllef!
Ech brauch dréngend Hëllef, den Ankus gouf geklaut, an dat heescht näischt Guddes fir deen deen et war. Mir mussen den Ankus zeréck kréien éier eppes Schlëmmes geschitt! Den Akela huet mir versprach dir kéint mir op der Sich hëllefen, ech zielen op iech!
Bis ganz geschwënn,
Thuu
- Depart: 18.03.2023 um 9:00 um Parking CHEM Ⅱ zu Nidderkuer
- Wou ass d’Aktivitéit: Chalet Hondsbësch, 175 avenue de la Liberté, Niederkuer
- Retour: 19.03.2023 um 11:30 um Parking CHEM Ⅱ zu Nidderkuer
- Präis: 23€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 13.03.2023 per E‑Mail un wellef@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Dem Wieder ugepasste Kleeder fir bannen an baussen, Material fir eng Iwwernuechtung (keng Carry-Mat), klenge Rucksak mat engem Bidon an dem Wëllefche seng 5 Saachen (wgl. keng Iesssaache matginn)